De Sportlycée

Dual Career

Wéi kann ech Schoul a Sport kombinéieren?

De Sportlycée ass en optimale Choix fir dëst ze realiséieren. Mir kréien d’Méiglechkeet vun ugepasste Schoulzäiten ze profitéieren fir eisem Sport, trotz dem alldeegleche Schoulstress, kënnen nozegoen. Wa mir eng Absence pour raison sportive, kuerz ARS, hunn, kënne mir vun engem interne Service Gebrauch maachen, deen et eis erméiglecht keng schoulesch Defiziter ze kréien.

Falls sech e schouleschen, sportlechen oder och private Probleem bei engem Schüler bemierkbar maache géif, kann dee Betraffenen Hëllef vun engem Tuteur kréien. Déi ginn den eenzele Sportaarten zougedeelt.

Wou läit d’Schoul?

Vun eiser Lag um Cents aus, kënne mir vun Navetten, déi  Kuerzstrecke fueren, Gebrauch maachen. Dës fueren och zu ugepassten Zäiten.

Eng schéi Vue aus de Klassen raus ass ausserdeem och garantéiert.

Wat sinn der Schoul hier Qualitéiten?

De Campus vun der Schoul verfüügt iwwert zwou Sportshalen, engem Kraaftraum a villem méi. Och E Beräich fir d’Kinéen ass an esou enger Hal. Trotzdeem ass en neit Schoulgebai zu Mamer geplangt, wou eng Schwämm och nach kann zu de verschiddene Sportméiglechkeete gezielt ginn.

Qui sommes-nous ? 

Nous sommes des élèves de la 4C2 du Sportlycée. Comme le nom le dit, nous sommes des sportifs et faisons partie d’une fédération qui nous permet de faire partie de ce système scolaire spécial. Dans notre classe nous avons divers sports comme, par exemple le triathlon, l’athlétisme, le basket, la natation et le tennis de table. En effet nous partageons tous la même passion pour le sport ce qui établit une bonne relation entre les élèves de notre classe.  

Le but de notre école est de pouvoir combiner le sport et les études pour que dans le futur les élèves puissent décider dans quelle direction ils se projettent le plus: sportif ou scolaire. 

Ci-dessous vous pouvez trouvez les liens vers les blogs personnels des élèves.